Zum Haaptinhalt sprangen

Zougänglechkeetserklärung

D'Organ "Zentrum fir politesch Bildung" verflicht sech derzou säi Site accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitsdeklaratioun bezitt sech op: https://livinglibrary.lu

Wat ass déi digital Accessibilitéit?

D’Zil vun der digitaler Accessibilitéit ass et, datt Persoune mat engem Handicap de Web an déi mobil Applikatioune kënne benotzen.

Konformitéitsstatut

Dëse Site ass deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 souwéi mam Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RAWeb) v1.1 , dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.

Net-accessibelen Inhalt

Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgende Grënn net accessibel:

Net Konformitéit

  • Den Titel vun der Agenda-Säit ass dee selwechten ewéi deen vun der Haaptsäit a weist net, op wéi enger Säit een ass (RAWeb-Kritär 8.6).
  • De Kontaktformulaire huet e verstoppt Anti-Spam-Feld, dat säi Code net der HTML-Spezifikatioun entsprécht (RAWeb-Kritär 8.2).

Accessibilitéitsfunktiounen

E Link uewen op all Säit féiert direkt bei den Haaptinhalt. D'Animatioun op der Haaptsäit hält no 5 Sekonnen automatesch op, ka mat engem Knäppchen ugehale oder nees gestart ginn, a si gëtt ausgeschalt, wann Ären Apparat op reduzéiert Beweegung agestallt ass.

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf de(n) 29.9.2026 erstallt. D'Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Site mat den Ufuerderungen, déi am RAWeb 1.1 fixéiert sinn, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "Zentrum fir politesch Bildung".

Feedback a Kontakt

  • entweeder schrëftlech an engem Dokument oder enger E-Mail
  • oder mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder d’Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.


Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun a gëtt ënner enger "Creative Commons Attribution 4.0 International"-Lizenz verëffentlecht.