Programm
D’Living Library kënnt an d’Lycéeën, op d’Uni, an Institutiounen, bei d’Commissions consultatives vum Zesummeliewen, op Festivaller, a Bibliothéiken an an Entreprisen.
All Evenement ass eenzegaarteg.
Nächst Evenementer
-
Luxembourg Sustainability Forum 2026
D’Living Library hëlt um Luxembourg Sustainability Forum 2026 deel, deen de 27. Oktober 2026 am Grand Théâtre de Luxembourg vun IMS Luxembourg organiséiert gëtt. Bei dëser Geleeënheet invitéiere verschidde Living Books d’Participanten op direkt a perséinlech Gespréicher iwwer hir Erfarungen a Liewensgeschichten. Esou stinn Dialog, Nolauschteren a perséinlech Begéinungen am Mëttelpunkt vun engem Event, dat sech dëst Joer mat de Verbindungen tëscht Wuelbefannen, Gesellschaft an Nohaltegkeet beschäftegt.Grand Théâtre - 1, rond-point Schuman L-2525 Luxembourg
-
Walfer Bicherdeeg
Bei de Walfer Bicherdeeg ass och d’Living Library dobäi. An direkte perséinleche Gespréicher kënnen d’Visiteuren ënnerschiddlech Liewenserfarungen, Geschichten a Perspektive kenneléieren. Weider Informatioune kommen no.Walferdange
-
Walfer Bicherdeeg
Bei de Walfer Bicherdeeg ass och d’Living Library dobäi. An direkte perséinleche Gespréicher kënnen d’Visiteuren ënnerschiddlech Liewenserfarungen, Geschichten a Perspektive kenneléieren. Weider Informatioune kommen no.Walferdange
-
Mardis Littéraires
HUT – Hëllef um Terrain an d’Lëtzebuerg City Bibliothèque invitéieren Iech an Zesummenaarbecht mat der Living Library vum Zentrum fir politesch Bildung, fir Mënschen kennenzeléieren, déi internationale Schutz ugefrot hunn an dacks mat Virurteeler oder Diskriminatioun konfrontéiert sinn. Am Kader vun engem perséinlechen Austausch deelen dës „lieweg Bicher“ hire Liewenswee, hir Erfarungen an hir Perspektive mat Iech. Umeldung obligatoresch: bibliotheque-events@vdl.lu www.citybiblio.luLëtzebuerg City Bibliothèque, 3, rue Genistre L-1623 Luxembourg
Vergaangen Evenementer
-
Oekofest
Um Oekofest am Pafendall invitéiert d’Living Library d’Visiteuren zu direkten a perséinleche Gespréicher. Am Mëttelpunkt stinn d’Begéinung, den Dialog an d’Méiglechkeet, verschidde Liewenserfarungen a Perspektiven aus éischter Hand kennenzeléieren.Pafendall
-
Street Fest - Luxembourg Pride
Um Luxembourg Pride Street Fest invitéiert d’Living Library de Public, Living Books kennenzeléieren an direkt mat hinnen iwwer hir Liewensweeër, Erfarungen a Perspektiven an d’Gespréich ze kommen. En oppene Raum fir Dialog a Begéinung, fir verschidde Liewensrealitéite besser ze verstoen a Virurteeler ofzebauen.Luxembourg, Luxembourg